clever move

Eng verännert Kandheet, e bedenkleche Gesondheetszoustand vun de Kanner a Jugendlechen, Konzentratiouns- a Verhalensopfällegkeeten an Erkenntnisser aus der Léier- an Entwécklungsforschung iwwert de Stellewäert vun der Beweegung sinn Argumenter, déi d'Wichtegkeet vun der Beweegung an der Schoul ëmmer méi verdäitlechen.

„clever move“ Schoule wëllen dem Trend entgéint wierken a verflichten sech dozou, 15 bis 20 Minutten zousätzlech Beweegung an den Unterrecht ze integréieren. An de „clever move“ Maison Relaise konzentréiert sech d'Beweegung virun allem op d'Hausaufgabenzäit.

Weider Informatiounen

Aktiounsdag

Weider
Informatiounen

Label "clever move"

De Qualitéitslabel „clever move“ ass eng Unerkennung fir déi Schoulen a Maison Relaisen, déi aktiv um Projekt matmaachen.



Weider Informatiounen

Enseignanten

Fannt hei déi verschidden Offeren aus der Formation continue, de Link fir d'Beweegungskëscht "Fit a monter" ze bestellen esou wéi eng Auswiel u Beweegungsaktivitéiten.


Weider Informatiounen

“Wann een déi ganzen Zäit wackelt, kritt ee méi Energie.“

Schüler C2 Saeul