Aktiounsdeeg

Déi zweet Editioun vun eisem Aktiounsdag war de 26. Juni um INS (Institut National des Sports).

Wärend dësem Dag, dee ganz am Zeeche vun der Beweegung stung, hunn den Educatiounsminister Claude Meisch an de Sportminister Dan Kersch 16 Schoulen a 4 Maison Relais de « clever move » Label iwwerreecht. Moies iwwer konnt jeeweils 1 Klass aus dëse Schoulen un altersgerechte Beweegungsatelieren deelhuelen.

“Säitdeem mir d'Beweegungsübungen reegelméisseg maachen, fällt et  mir méi liicht, dës Beweegungspausen am Schoulalldag anzebauen. Si gehéieren einfach dozou.“

Léierin C3 Bissen