Oft gestallte Froen
Firwat soll ee Beweegung an den Unterrecht abannen?
Eng Etude, déi am Joer 2006 zu Lëtzebuerg an den Altersgruppen 9, 14 an 18 Joer realiséiert ginn ass, bestätegt leider den europawäiten Trend: di motoresch Defiziter, d’Inaktivitéit a gesondheetlech Risiken hunn bei eise Kanner a Jugendlechen an de leschte Joren extrem zougeholl. Kierperlech Aktivitéiten am Alldag a sportlech Aktivitéiten an der Fräizäit an an de Veräiner huele mam Alter däitlech of. Dogéint geet den deegleche Fernsehkonsum an d’Beschäftegung mat Spillkonsolen, Computer, Tablett a Smartphone staark an d’Lut.
Dat bréngt mat sech, datt 15 % vun den ënnersichte Meedercher an 20% vun den ënnersichte Jongen an der Grondschoul iwwergewiichteg respektiv adipös sinn. 18% vun de Kanner a Jugendlechen hunn uginn, datt si Kappwéi hunn, 14% kämpfe mat Aschlofstéierungen an 13% hunn uginn, datt si Réckewéi hunn. 20 % vun eise Kanner a Jugendleche sinn an engem reegelméissege medezinesche Suivi. (cf Bös, K. (2006) et al.)
D’Zesummenhäng tësche motorescher Leeschtungsfäegkeet, kierperlech-sportlecher Aktivitéit a Gesondheet si scho laang net méi vun der Hand ze weisen. Vu datt d’Eropsetze vun de Sport- an domadder de Schoulstonnen sech als schwiereg erweist, ass et ubruecht, sech no anere Méiglechkeeten ëmzekucken, wéi d’Kanner an hirer Schoulzäit zu méi Beweegung kommen.